Notre livre de recettes
105 Bauererezepter mam Berthe Elsen
Léif Frënn vun der Lëtzebuerger Kichen
Villmools Merci fir Ären immens groussen Interessi un dëse
Rezepter. Als Bauerekand, als Bauerefra, an haut Bauerebomi sinn ech immens frou a glécklech,
och nach viru véier Joer vum Präsident Fredy de Martines (vun der Fairkoperativ Lëtzebuerg)
gefrot ze ginn, fir fir d’fair Mëllech um Terrain matzehëllefen.
Lo ginn ech nees méi heiheem gebraucht a wëll de Bauere vun heiheem aus hëllefen, an zwar mat
dëse Rezepter. Am Iéifste schaffen ech traditionell,
regional, lëtzebuergesch, natierlech an absolutt
ouni chemesch Zousazstotfer. Mëttlerweii wësse
mer, wéi geféierlech sou Zousätz fir Mënschen
an Déiere sinn. D’Rezepter kommen aus ganz ale
Kachbicher, déi meescht stame vu Basisrezepter aus
der Haushaltungsschoui.
Deemools gouf nach alles
vun doheem gebraucht, sief et aus dem Gaart, aus
der Natur, vum Feld oder aus dem eegene Stall. Mir
sinn esou grouss ginn an hunn elo nach d’Chance,
esou Liewensmëttel an eisem schéine klenge
Lëtzebuerger Ländchen ze produzéieren, an dat
ënner strengste Kontrollen, wat ech bestätege kann.
Ech wënschen lech ganz vill Freed mat dësem Buch.
Kache wéi fréier mam Berthe
Säit fënnef Joer existéiert d’Fairkoperativ Lëtzebuerg.
Deemools — genee wéi haut — waren d’Mëllechpräisser
esou niddereg, datt 45 Mëllechbetriber sech zesumme
gedoen hunn a mat der „Fair Mëllech“ hier eege Mark an
d’Regaler bruecht hunn. Ouni dat eegent Schicksal an
d’Hand ze huelen an aktiv urn Maart fir käschtendeckend
Mëllechpräisser ze kämpfen, wäert eng héichwäerteg
an nohalteg Mëllechproduktioun zu Lëtzebuerg an an
Europa laangfristeg net méiglech sinn, sou de Gedanke
vun de Mëllechbaueren. „Fair“ ass et am Sënn vun de
Mëllechbaueren, déi duerch de Verkaf vu fairer Mëllech
zéng Gents méi de Liter kréien. Mee och am Sënn vum
Konsument, well all Betrib, dee Member bei Fairkoperativ
ass, sech verflicht fir Nährstoff- an Energiebilanen op
ze stellen. Mam Kaf vu „Fair Mëllech“ ënnerstëtzt de
Client eng nohalteg a lokal Landwirtschaft an dréit
derzou bai, datt Lëtzebuerger Mëllechwirtschaft erhale
bleift. An dësem Buch fannt Dir ronn 105 Rezepter,
déi d’Kache vun deftege Rezepter a Bake mat „Fair
Mëllech“ Produkter ureege sollen. Domadder hutt
Dir d’Méiglechkeet, originell Rezepter op Basis vun
héichwäertege Lëtzebuerger Mëllechprodukter no ze
kachen a gläichzäiteg een nohaltege Beitrag zum Erhale
vun else Mëllechbetriber ze leeschten.
Vill Freed beim kachen a bake wënscht
Fredy de Martines, President Fairkoperativ
